Vertrieder vun der SuperDreckskëscht, dem Label fir Ressourcëmanagement an Offallverwäertung, hunn eist Gebai um Kierchbierg besicht an eng positiv Bewäertung ofginn. Ëmweltfroe si bei Elysis ëmmer e wichtegt Theema, an eis Organisatioun berücksichtegt all Recommandatiounen an dësem Beräich. Mir sinn deemno och ganz houfreg, dass eise Qualitéitslabel ëm zwee Joer verlängert gouf. D’Gestioun vum Offall genee ewéi d’Vermeidung vu Verschwendung sinn Theemen, déi eis alleguer betreffen.
Elysis ass zanter 2013 mam Label ausgezeechent a geréiert de selektiven Tri zesumme mat alle Mataarbechter an externen Intervenanten. E grousse Bravo u jiddwereen!